E Knéckjang mat engem ganz extrae Mantel



Et gouf eng Kéier e Mann, deen an der Géigend ënnert ville verschiddenen Nimm bekannt war. Geldhannes a  Bläimantel waren der nëmmen zwee dovun.

De Longkaulemännchen, wéi hien och nach genannt gouf, war ganz schrecklech op d’Suen aus an huet vill Räichtemer gesammelt, an dat och net ëmmer op eng ganz éierlech Manéier. Ausserdeem war hien e schreckleche Knéckjang an en onangenehmen Zäitgenossen an d’Leit sinn him aus de Féiss gaangen.

Enges Daags gouf et e fuerchtbart Donnerwieder an dat ganzt Dall ass vum Floss iwwerschwemmt ginn a säin Haus an all seng Räichtemer si vum Waasser fortgerappt ginn.

Wéi hien dat gesinn huet, huet hie sech mat fierchterlechem Gehauls op säi Koup Sue gehäit an ass du mat sengem Geld vum Waasser verschlonge ginn a war verschwonnen.

Mee scho kuerz Zäit drop huet een nuets ee Gehauls a Gejäiz bei engem Weier an der Géigend héieren. D’Leit hu sech gezielt, de Geldhannes géif do opdauchen, well hie gerett wéilt ginn. Hie wier zwar an der Déift vum Waasser, mee géif ëmmer erëm eropgedréckt ginn. An eigentlech wéilt hien nëmmen am Äerdbuedem bleiwen, wou hie fir éiweg mat sengem Geld vereent wier.

Fir de Geescht lasszeginn, ass e Mantel aus Bläi gemaach ginn, deen him du ënner ville Beschwierungen ugedoe ginn ass. Vun deem Gewiicht ass hien an d’Déift gezu ginn a vun do u war endlech nuets Rou.

Dir hutt elo vläicht schonn eng Iddi, aus wéi enger Géigend dee geierege Mann do kënnt… Mee wësst Dir och aus wat fir enger Uertschaft?