Geiespiller



Am Joer 729 koum e jonke Mann, Väit genannt, dee mat senger Fra an d’hellegt Land gepilgert war, no ganz laanger Zäit nees zréck a seng Heemechtsstad. Seng Famill, déi ugeholl hat, hie wier dout, well si sou laang keng Noriicht vun him haten, hat an der Tëschenzäit säi Verméige schonn ënnert sech opgedeelt.

De Väit, deem seng Fra op der Rees vu Raiberen dout gemaach gi war, hat näischt méi ausser senger Gei an huet elo seng Gidder vun der Famill zréckgefuerdert.
Déi waren natierlech guer net begeeschtert, a fir him rëm lasszeginn hu si hie bei der Gemeng verklot, hien hätt seng Fra ëmbruecht. Doropshin ass hien duerch Gottesuerteel zum Doud duerch de Strack verurteelt ginn.

Wéi de Väit dunn op der Leeder fir bei de Gaalge stoung, huet hie gefrot, fir nach eng Kéier seng Gei dierfen ze spillen. Am Ufank huet hie sou traureg gespillt, datt all d’Leit ugefaangen hu mat kräischen an dunn huet e sou engelsgläich gespillt, datt se all op d’Knéie gefall sinn a gebiet hunn an duerno huet hie sou stiermesch Melodië gespillt dass alles - Mënsch an Déier - net anescht konnt wéi matzedanzen. Souguer den Henker an d’Véi op der Weed hu gedanzt. Dem Väit säin Zauberdanz gouf ëmmer méi geckeg, an hien huet déi Geleeënheet genotzt fir matzen duerch d’Leit ze goen an iwwert dem Spillen ze verschwannen.
Réischt owes spéit koumen déi verzaubert Dänzer zur Rou. Just d’Leit vun dem Väit senger Famill, déi him sou iwwel matgespillt haten, déi konnten e ganz Joer laang net ophale mat danzen. Si hate sech scho bis zu de Knéien an de Buedem gedanzt, éier si endlech vum béisen Zauber erléist goufen.

An der Fuesent wäert hei och nees vill gedanzt a gefeiert ginn, mee hoffentlech ouni béisen Zauber. An dir wësst bestëmmt och schonn, wéi eng Uertschaft gemengt ass?