Säckelchen


Et geet an eisem Quiz mol eng Kéier net ëm komesch oder béis Leit mat hiren Naupen, mä dorëms, wéi e Bësch säin Numm fonnt huet. Mee wa mer dat elo méi genee kucken, da geet et awer erëm, wéi sou dacks, ëm d’Geld…

Dee Bësch ëm deen et geet, gëtt „Säckelchen“ genannt. Do kann ee sech jo froen, wat huet e Bësch, wat huet Holz, mat engem Säckelchen ze dinn?

Majo, dat ass sou komm: Deen Numm Säckelche bezitt sech op ee Geldsak (woubäi mir alt nees beim Thema wieren). An déi verschidde Leit hunn all hir eegen Erklärung wéi et zou deem Numm komm ass. D’Notäre beispillsweis behaapten, dass d’Leit déi Holz aus deem Bësch gesteet haten, einfach net bezuelt hunn an d’Suen an hirem Säckelche gehalen hunn. D’Gemengepappe waren der Meenung dass et d’Notäre waren déi d’Sue vun den Holzsteeën net erausgeréckelt hunn an an hirem Säckelche gehalen hunn. An d’Leit aus dem Duerf, déi hu sech verzielt, d’Gemengepappen hätten dat Geld aus dem Gemengesäckel erausgeholl a versoff.

A bei all deem wat dee Bësch do ugaangen ass, wou déi eng net bezuelt hunn, déi aner alles fir sech behalen hunn an déi drëtt alles drop gemaach hunn, huet de Säckel ëmmer eng wichteg Roll gespillt a sou huet dee Bësch säin Numm kritt.

Lo natierlech eis Fro un eis geschätzte Lieser:

Wou fënnt sech dann dee Bësch: